Laafen fir jiddereen – Eenzel oder an der Grupp
Laafen uechter ganz Lëtzebuerg
Egal ob Ufänger oder Fortgeschratt, jonk oder e bësse méi al – bei mir fenns Du dat richtegt Laaftraining. Mat perséinlecher Betreiung, flexiblen Trainingsplazen an enger grousser Portioun Freed un der Beweegung begleeden ech dech op dengem Wee. Eenzel oder zesummen, a ganz an dengem Tempo.
Erreechen Äert Zil
Ziller, déi mir zesumme erreechen

Besser Fitness & Ausdauer
Du erhéischs deng Leeschtungsfäegkeet nohalteg – ganz ouni Drock.

Gesond ofhuelen & a Form kommen
Mat reegelméissegem Laafen an individueller Begleedung erreechs de deng Wonschform.

Stress ofbauen & de Kapp fräi kréien
Laafen als mental Paus – fir méi Gläichgewiicht am Alldag.

Technik verbesseren & Verletzungen verhënneren
Zesumme schaffe mir un denger Laaftechnik, fir méi effizient a gesond ze laafen.

Zréck an de Rhythmus no enger Paus oder Verletzung
Mat gezilltem a schounendem Training fënns de däin Tempo erëm.

Virbereedung op e Laafzill oder Event
Egal ob 5 km, Semi-marathon oder Firmelaaf – ech hëllefen dir, strukturéiert a sécher unzekommen.

Virdeeler
Virdeeler vun Laafen
Kierperlech Virdeeler
• Stäerkt Muskelen a Schanken
• Hëlleft beim Ofhuelen a Form behalen
• Steigert d’Ausdauer a Fitness
• Reguléiert Blutdrock a Blutzocker
Mental Virdeeler
• Reduzéiert Stress an Ängschten
• Fërdert besseren Schlof
• Stäerkt d’Selbstvertrauen
• Mecht de Kapp fräi – wéi Meditatioun a Beweegung
• Verbessert d’Konzentratioun a Stëmmung duerch Endorphiner
Alldag & Gesondheet Virdeeler
• Klengen Opwand – direkt lassleeën
• Verbessert d’allgemeng Liewensqualitéit
• Géint Krankheeten (z. B. Diabetis, héije Blutdrock)
• Léisst sech flexibel an de Liewensalldag integréieren

Perséinlech Betreiung amplaz Masseprogramm
Ech ginn op deng Besoinen, deng Ziller an dengem Tempo individuell an.
Fir all Niveauen & Alter gëeegent
Vum Debutant bis ambitionéierte Leefer – ech bidden déi passend Formater.
Flexibel Trainingszäiten & Plazen
Training an der Natur, bei dir an der Géigend a passend zu denger Liewenssituatioun.
Motivatioun & Kontinuitéit
Ech hëllefen dir, drun ze bleiwen – mat Struktur, Ofwiesslung an éierlecher Ënnerstëtzung.
Laafen an der Gemeinschaft
Du trainéiers mat aneren Motivéierten – dat motivéiert a mécht duebelt Freed.
Regional Verbonnenheet
Ech weisen dir dei schéinst Strecken hei am Land.
Moien! Ech sinn David Steffes, däi professionelle Lafcoach
Mat Erfarung, Häerz a richteger Leidenschaft fir de Laasport.
Als offiziellen Trainer vum ING Night Marathon Lëtzebuerg begleeden ech Leit aus all Altersklassen a mat all Niveau op hirem Laafwee – vum éischte luesen Jogging bis zum ambitiéierte Wettkampf a bis hannert d’Zilllinn.
D’Laafen läit mir am Blutt: Meng Elteren waren allebéid begeeschtert Leefer a si hunn mir déi Freed scho fréi mat op de Wee ginn. Schonn als Kand sin ech meng eischt Coursen gelaaf – mat Erfolleg: Ech konnt mech méi wéi eng Kéier fir däitsch Meeschterschaften qualifizéieren an och fir Staatsmeeschterschaften am US-Bundesstaat Colorado, wou ech eng Zäit gelieft an trainéiert hunn.
Dës international Erfarung, kombinéiert mat mengem pädagogeschen Gespierr a menger strukturéierter Trainingsweis, sinn haut d’Grondlag fir mäi Coaching. Dobäi stinn Motivatioun, Gesondheet a Freed un der Beweegung ëmmer am Mëttelpunkt – onofhängeg vum Leeschtungsniveau.
Egal obs Du einfach nëmmen reegelméisseg wëlls laafen, méi fit gi wëlls oder e konkreten Zill wéi e 5 km- oder Semi-Marathon hues:
Ech begleeden dech – professionell, perséinlech a mat éierlecher Begeeschterung.
Sou einfach geet et!
Egal obs Du ganz nei am Laafen bas oder scho Erfahrung hues – bei mir fënns Du den idealen Startpunkt:
Step 01
Kontakt ophuelen
Mell dech ganz einfach iwwert de Kontaktformular, per E-Mail oder WhatsApp.
Step 02
Berodung & Zillgespréich
An engem kuerze Gespréich schwätze mir iwwert deng Wënsch, deng aktuell Fitness an d´Trainingsform, déi am beschten zu dir passt – Eenzel- oder Gruppentraining.
Step 03
Mat Training ufänken
Du gees direkt an d’passend Training eran – individuell ugepasst, locker geleet, mat Freed a ganz ouni Drock. All Gruppen si fir all Niveauen op.
Step 04
Drun bleiwen & weiderkommen
Mat Motivatioun, Ofwiesslung a perséinlecher Begleedung bleifs Du um Ball – an erreechs Schrëtt fir Schrëtt deng Ziller.
D’Offeren
Individuell & Gruppentraining fir all Alter a Niveau
Egal obs Du Ufänger, Wiedereinsteiger oder ambitiéierte Leefer bass – bei mir kriss Du d’Training dat zu dir passt. Ech begleeden dech mat Motivatioun, Expertise a perséinlecher Betreiung.
Eenzeltraining
Eenzeltraining
Personal Running Training – 10 Seancen, flexibel reservéierbar
- Perséinlecht Zillgespréich & Startanalys
- Individuelle Trainingsplang
- Feedback zu dengem Laafstil
- 1:1-Begleedung op denger gewënschter Streck
- Ideal fir: Ofhuelen, Technikverbesserung, Virbereedung op eng Competitioun
Gruppentraining
Gruppentraining
(4–10 Persounen) // Laufgruppen
- Laafgruppen an denger Géigend (z. B. Gréiwenmaacher, Réimech, Stad Lëtzebuerg)
- Fir all Niveauen – vum gemittlechen Jogging bis gezillten Techniktraining
- Motivatioun & Freed an der Grupp
- Entrée zu all Moment méiglech
Familljen- & Kannertraining
Familljen- & Kannertraining
- Spilleresch Laafen fir Kanner ab 6 Joer
- Spilleresch Laafen fir Kanner ab 6 Joer
- Elteren-Kand-Gruppen
- Tempo ugepasst un d’Kanner, mat vill Ofwiesslung
Präisser op Ufro.
Betribs- & Teamevents
Betribs- & Teamevents
- Laaf-Workshops fir Mataarbechter
- Gesondheetsfërderung & Teambuilding
- Virbereedung op Firmelaaf oder ING Night Marathon
- Op der Plaaz oder denger Wonschplaaz
Präisser op Ufro.
Zesumme packe mir och däin perséinlecht Trainingszill.
“I joined the “From Office to 42” and vividly enjoyed every minute of the trainings. David structured the trainings very professionally and assisted all of us with his professional experience.
I am 54 years old and my personal objective was to find back my fitness of a number of ING editions ago. With the years passing I found myself finishing outside the timelimit the previous time I had participated. David taught us very efficiently a large number of exercises in a holistic way of reaching all our personal objectives! The atmosphere in the group was super! Also, it was fantastic that it was possible to participate regardless of the level of fitness and age.
I finished the half marathon at 2h54! I am super happy with this result and hope this program will be continued!”
Daphne Kortekaas
Der mobile Personal – und Fitnesstrainer David Steffes hat mir durch seine gezielten und effektiven Übungen eine nicht geglaubte Fitness für mein recht hohes Alter gegeben.
Seine Übungen sind gezielt, abwechslungsreich, unkompliziert und trotzdem konstruktiv. Ich habe eine viel größere Beweglichkeit gewonnen und dabei noch Gewicht verloren. Dazu kommt, das meine Ausdauer sich stark verbessert hat.
Es macht ungeheuren Spaß, ihn bei seinen lockeren und spaßigen Korrekturen zu erleben.
Erwin Esly (82)
I have been training with David “a domicile” since 2019. The routine has always been adapted to my level of fitness and varied from time to time.
I have found the training very helpful in encouraging me to maintain a reasonable level of fitness for my age (70 years). David has always been flexible in facilitating my travel schedule. An excellent professional!
Michael (70)
David hat mich über mehrere Wochen gecoacht und ich kann ihn nur als außergewöhnlichen Fitnesscoach weiterempfehlen.
Ich bin 14 Jahre alt und spiele Fussball. Ich hatte das Vergnügen über 5 Wochen mit ihm Outdoor zu trainieren, und kann mit Überzeugung sagen, dass David durchweg beeindruckende Ergebnisse erzielt hat. Besonders in den Bereichen der Schnellkraft, der Koordination, der Explosivität und der Technik habe ich mich in diesem Zeitraum merklich verbessert.
David hat die Fähigkeit, individuelle Bedürfnisse und Ziele zu erkennen und darauf abgestimmte Trainingspläne zu erstellen.
Ben (14)
Dank Davids Coaching hab ich gelernt, meinen Fähigkeiten zu vertrauen und bis an meine Grenzen zu gehen (da, wo sie wirklich sind) und sie auch noch weiter hinausgeschoben.
Wodurch eine ganze Menge an persönlichen Bestleistungen zustande gekommen sind.”
Sigrid
Präisgestaltung
Trainingspaket 1:1
ab
999 €
Personal Running Training – 10 Seancen, flexibel reservéierbar
- Perséinlecht Zillgespréich & Startanalys
- Individuelle Trainingsplang
- Feedback zu dengem Laafstil
- 1:1-Begleedung op denger gewënschter Streck
- Ideal fir: Ofhuelen, Technikverbesserung, Virbereedung op eng Competitioun
TVA/Steieren inklusiv
Aner Package Optiounen
- 10 Seancen – 999 € (99,90 €/Stonn)
- 50 Seancen – 4.444 € (88,88 €/Stonn)
- 75 Seancen – 5.999 € (79,98 €/Stonn)
- 100 Seancen – 7.444 € (74,44 €/Stonn)
Trainingspaket 1:5
ab
555 €
(4–10 Persounen) // Laufgruppen
- Laafgruppen an denger Géigend (z. B. Gréiwenmaacher, Réimech, Stad Lëtzebuerg)
- Fir all Niveauen – vum gemittlechen Jogging bis gezillten Techniktraining
- Motivatioun & Freed an der Grupp
- Entrée zu all Moment méiglech
TVA/Steieren inklusiv
Aner Package Optiounen
- Fir 5 Persounen – 555 € (55,55 €/Stonn)
- Fir 4 Persounen – 666 € (66,66 €/Stonn)
- Fir 3 Persounen – 777 € (77,77 €/Stonn)
- Fir 2 Persounen – 888 € (88,88 €/Stonn)